Restaurant zu Esch100 Meter Pizza: Neien nationale Rekord opgestallt
Dëse Samschdeg huet sech eng Pizzeria zu Esch eng éischter ongewéinlech Aufgab gestallt.
100 Meter Pizza zu Esch
E Samschdeg huet sech eng Pizzeria am Süde vum Land eng ganz besonnesch Aufgab gestallt.
An der Rue de l’Alzette huet de Restaurant Cloud Factory probéiert, een neien nationale Rekord fir déi längste Pizza opzestellen. 100 Meter laang war déi beléiften italieenesch Spezialitéit, un där d’Ekipp vum Restaurant vun 8 bis 12 Auer geschafft huet.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Um Menu: 100 Kilo Pizzadeeg, 600 Kilo Tomatenzooss a 700 Kilo Mozzarella. Duerno war d’Pizza fir de Public accessibel.