Hollywood2 Hënn vum Lady Gaga bei arméiertem Iwwerfall geklaut

RTL Lëtzebuerg
Medieberichter no soll e Mataarbechter vun der Musekerin beim Trëppelen ugeschoss a blesséiert gi sinn.
© AFP/Archiv/VALERIE MACON

Den Ugräifer soll dunn déi 2 franséisch Bulldogge matgeholl a sech mat engem Auto duerch d’Bascht gemaach hunn. D’Police huet de Virfall confirméiert - ouni awer den Numm vum Affer oder Besëtzer genannt ze hunn. Wéi d’Promi-Websäit TMZ schreift, géing et sech bei de Véierbeener ëm de Koji an de Gustav handelen.

D’Sängerin huet eng Belounung vu 500.000 Dollar annoncéiert fir deejéinegen, deen hir d’Muppen nees zeréckbréngt. Dat, “ouni Froen ze stellen”. Hiert drëtt Hausdéier, den Asia, gouf op der Plaz vum Iwwerfall fonnt a konnt a Sécherheet bruecht ginn.

D’Lady Gaga war zu deem Zäitpunkt am Ausland ënnerwee. Berichter no war si zu Roum um Set vum Gucci-Film vum Ridley Scott. Si spillt d’Roll vun der Ex-Fra vum berüümten Designer, déi viru Geriicht schëlleg gesprach gouf, well si säi Mord an Optrag soll ginn hunn.

Back to Top
CIM LOGO