Lafe fir de gudden Zweck3. Editioun vum Unicef City Run

Nicky Soisson
E Samschdeg de 4. Juli gëtt nees geschweesst an der Péitruss. Grond dofir ass déi 3. Editioun vum Unicef Run.
© Unicef

E Samschdeg de 4. Juli gëtt nees geschweesst an der Péitruss. En Dag op deem, nieft der Kollekt vun Donen, virun allem de Spaass am Vierdergrond steet.

En Dag op deem, nieft der Kollekt vun Donen, awer virun allem de Spaass am Vierdergrond steet. Pol Heber vun der Unicef:

"Et ass e flotten Dag fir déi ganz Famill an et geet am Fong drëms, nieft dem Laf och nach aner Saachen ze entdecken an ze erliewen. Dat heescht, mir wëllen eigentlech eng entspaanten, familiär Atmosphär kreéieren, wou jidderee sech wuel fillt."1,3 Kilometer ass een Tour an et kann een där sou vill lafen oder trëppele wéi ee Loscht huet.

"Bei eis geet et einfach drëms, datt jidderee ka matmaachen, ob een de trëppelt oder leeft, ob ee mam Hond geet oder mat der Kutsch...Sou, dass am Fong jiddereen op seng Manéier a senger Geschwindegkeet ka matmaachen. Et gëtt net chronometréiert, dat heescht, et ass och kee Stress do."Donieft ginn et awer och Animatiounen a Spiller fir déi Kleng, genee sou wéi Food Trucks a Gedrénks fir déi Grouss.

Umelle kann ee sech dann och elo schonn.

"Fir matzemaachen, bezilt een als Erwuessenen 30 Euro a fir Kanner 15 Euro an dann ass och en T-Shirt dobäi, deen ee kritt deen Dag. Wann een sech op eisem Site ageschriwwen huet, da kritt een eng Säit wou een am Fong och Sue ka sammelen an et kann een awer och selwer eng Ekipp kreéiere wou da verschidde Leefer einfach fir déi selwecht Ekipp a fir déi selwecht Cagnotte lafen."Och Firme kënne sech umellen oder och einfach en Don maachen an entweder eng eenzel Persoun oder eng Ekipp ënnerstëtzen.

All d'Informatioune ronderëm dëse Laf fir de gudden Zweck ginn et op cityrun.lu.

Back to Top
CIM LOGO