
Tëscht 8.000 an 10.000 Dollar gi sech fir dësen Objet erwaart. Ma net just fir Potter-Fans ass op der Auktioun den 28. an 29. Abrëll zu Los Angeles eppes dobäi. Am Ganze sichen ëm 800 Géigestänn aus Hollywood-Klassiker en neie Besëtzer. Dorënner och de Kostüm vum Al Pacino aus “Scarface”. De Wäert gëtt op eng Zomm vu 60.000 bis 80.000 Dollar geschat.

Ëm 40.000 bis 60.000 Dollar muss ee fir e Batman-Kostüm bezuelen, deen de Val Kilmer a “Batman Forever” (1995) gedroen hat.
Ënnert den Accessoirë sinn och d’Händschen, déi den Johnny Depp am Film “Edward Scissorhands” unhat, e Briquet aus “Die Hard” oder eng Laserpistoul aus “Star Wars: Return of the Jedi”.