TaiwanAll-You-Can-Eat-Sushi fir déijéineg, déi hiren Numm an "Saumon" ëmänneren

RTL Lëtzebuerg
Gutt Iesse geet net ëmmer duer, fir nei Clienten unzelackelen. Heiansdo brauch een och e kreatiivt Konzept dohannert.

Dat huet sech op alle Fall eng Restaurant-Chaîne am Taiwan geduecht an de Leit eng ganz speziell Offer proposéiert. Jiddereen, deen a sengem Numm dat chineesescht Zeeche fir Saumon (“Gui Yu”) stoen huet, kritt eng gratis Moolzecht geschenkt, fir sech a 5 Frënn.

Eng Spillerei, déi virun allem beim jonke Public gutt ukënnt. Esou vill Sushi mat de Léifsten iessen, wéi an de Mo passt. An dat, ouni e Cent dofir mussen ausgesinn. Dosende Mënschen hunn dowéinst kuerzerhand entscheet, hiren Numm ze änneren, fir gutt a bëlleg un e Plat ze kommen.

Ma net jiddereen huet d’Initiativ vun der Restaurant-Chaîne gutt fonnt. E Regierungsvertrieder huet kritiséiert, dass dës Publicitéit vill onnéideg Bürokratie géing mat sech bréngen. Mat den Ännerunge vun den Nimm géing vill Zäit a Pabeierkrom verschwent ginn, sou de Vize-Inneminister Chen Tsung-yen. Eleng déi leschten Deeg stounge ronn 150 Leit Schlaang virum Gebai, fir an Zukunft “Saumon” op der Carte d’identité stoen ze hunn.

Eng Partie kreativ Nimm sinn dobäi erauskomm. Eng Persoun heescht an Zukunft “Explosiven attraktive Saumon”, en aneren heescht Medieberichter no “Saumon-Prënz” an eng drëtt Persoun wëll “Frittéierte Räis mat Saumon” genannt ginn. E Liewe laang mussen déi Betraffen dës aussergewéinlech Nimm net halen. Am Taiwan dierfen d’Awunner hiren Numm nämlech bis zu 3 Mol offiziell änneren.

Back to Top
CIM LOGO