"The Happy Man Project"Am Clownekostüm ze Fouss vun Iechternach op Köln fir de gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
Den Tom Picard hat d'Iddi fir en Hike, mä net iergendeen. Mat senger Aktioun huet hien ënner anerem Sue fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt.
© Fondatioun Kriibskrank Kanner

D’Initiativ ass no engem laangen Owend mat ville gudden Iddien entstanen. Fir den Tom Picard war awer vun Ufank u kloer, dass dee Projet net fir näischt sollt sinn an esou ass “The Happy Man Project” an d’Liewe geruff ginn.

An engem Clowenkostüm huet sech den Tom op de Wee gemaach, vu Iechternach bis op Köln, ze Fouss. Dobäi huet hie Sue fir de gudden Zweck gesammelt, mat deenen hien e puer Organisatiounen ënnerstëtzt huet.

Dat alles ass dem Tom awer net duergaangen an hien huet an deem Kader nach den „Tour de Lëtzebuerg“ drugehaangen. An esou trëppelt hie weider a sammelt fläisseg Spenden ze sammelen – dës Kéier fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner.

D’Fondatioun seet dem “immensen a bëssi verréckte Kärel mam Häerz um richtege Fleck!” Merci fir säin Asaz.

Back to Top
CIM LOGO