1 Millioun Dollar fir d'PoubelleAmerikanerin geheit Gewënnerlous aus Versinn ewech a gëtt trotzdeem belount

RTL Lëtzebuerg
Gléck am Ongléck hat eng Fra, déi e Lous kaf an duerno entsuerge wollt, well si dovunner ausgaangen ass, dass si näischt gewonnen hätt.
© dpa/AFP/Archiv/Inga Kjer

D’Rose Fiega war wärend hirer Mëttegpaus esou gestresst, dass si hire Gewënn iwwersinn hat. De Lous, deen ëmgerechent 24,50 Euro kascht huet, huet si dowéinst de Besëtzer vum Buttek ginn, fir an den Drecksbac ze geheien. Ee Gléck fir d’Fra, dass den 30 Joer alen Abdi Shah de Rubbellous nach rechtzäiteg entdeckt huet.

Wéi hien der “Washington Post” erzielt huet, hätt hien ugangs driwwer nogeduecht, de Gewënn selwer ze halen a sech dovunner en Tesla, en Haus an e weidert Geschäft ze kafen. Säi Gewëssen hätt him awer dovunner awer ofgeroden a gesot: “Du weess, wien dës Persoun ass. Du solls hir de Lous zeréckginn.” Nodeems hie sech mat senger Famill beroden hat, war kloer, wat ze maache wier: Dem Rose Fiega de Gewënner-Lous auszehännegen.

A seng Éierlechkeet gouf belount! Net nëmmen huet hien domadder e Mënsch immens glécklech gemaach, ma och de Buttek, an deem den Abdi Shah schafft, krut e Bonus an Héicht vun 10.000 Dollar iwwerwisen, well de Lous bei him verkaf gouf. Ausserdeem huet d’Rose Fiega senger Famill eng Belounung zoukomme gelooss.

Back to Top
CIM LOGO