Kreatiivt WuertspillAus "Hollywood" gouf "Hollyboob"

RTL Lëtzebuerg
Touristen, déi dës Lescht wollten e Selfie mam bekannte Schrëftzuch maachen, hunn net schlecht gestaunt, wéi op eemol "boob" amplaz "wood" do stoung.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/MARIO TAMA

An der ronn 15 Joer aler Geschicht vum 140 Meter laangen Hollywood-Zeechen ass et schonn e puer Mol virkomm, dass mat de Buschtawe gespillt gouf. Vun “Holywood” (hellege Bësch) bis “Hollyweed” war schonn alles dobäi.

Fir op d’Thema Broschtkriibs opmierksam ze maachen, huet e Grupp kuerzerhand decidéiert gehat, de “W” an den “D” duerch e “B” ze ersetzen. Och wa si versicht hunn, d’Leit dobaussen ze sensibiliséieren, huet d’Police missen intervenéieren an déi 6 Persoune festhuelen.

Back to Top
CIM LOGO