
Net nëmme gi vill Schreiffeeler doduerch evitéiert, och liddereg Leit mussen d’Wierder net méi ganz antippen, mee kréie scho wärend dem Schreiwen eng Partie Virschléi ugewisen. Ganz schéin hëllefräich, an awer bréngt dës modern Technik och eng negativ Säit mat sech. Traut een der Autokorrektur ze vill, kënne penibel Noriichten entstoen.
Zu engem Mëssverständnes mat Follegen ass et zu Regensburg an Däitschland komm. Nodeems eng Fra vun hirer Mamm per Whatsapp de Message krut “Betrüger sind da”, an duerno net méi via Telefon erreechbar war, huet d’Duechter kuerzerhand d’Police kontaktéiert.
Eng Patrull huet sech direkt op dee Wee gemaach, konnt awer relativ séier feststellen, dass d’Fra bei beschter Gesondheet war. “Betrüger” ware keng am Haus, mä Bettwäsch (“Betttücher”). Eng Geschicht, déi nach emol gutt ausgaangen ass. An Zukunft wäert si wuel 2 Mol kontrolléieren, wat d’Autokorrektur hir am Text verbessert.