Fir déi 4. KéierBal 90 Joer ale Japaner Hiromu Inada wëll nach emol beim Ironman untrieden

RTL Lëtzebuerg
Obschonns hien et schonn 3 Mol gepackt huet, hëlt sech de weltwäit eelsten an erfollegräichen Ironman-Participant Tipps bei den Athlete vun Olympia.
© AFP

D’nächst Joer wëll den Hiromu Inada nach emol beim häertsten Triathlon vun der Welt matmaachen. A fir do besser ofzeschneiden, kuckt hien de Sportler bei den Olympesche Spiller e bësse méi genee no. “Et gëtt esou vill ze léieren. Ech wennen dat beim Training un - an et funktionéiert”, sou den 88 Joer alen Triathlet.

Wärend de Competitiounen huet hien Opname gemaach, fir den Athleten hir Beenbeweegungen an Haltung z’analyséieren. Et wier awer net esou einfach dat nach a säi strikten Trainingsplang anzebauen. Moies um 6 Auer steet Schwammen um Programm an dono geet et nach e puer Stonnen op de Vëlo.

Ma elo scho steet den Hiromu Inada am Guinness-Buch vun de Rekorder als eelsten Athleet, deen et beim Ironman iwwer d’Arrivée gepackt huet. 5 Joer nom Rekord, an dat mat bal 90 Joer, wëll de passionéiere Sportler am Oktober 2022 nach emol un der Weltmeeschterschaft op Hawaii deelhuelen. “D’nächst Joer ginn ech der 90 an ech wëll onbedéngt dobäi sinn. Ech wëll op jiddwer Fall duerch d’Zil kommen”.

Den Hiromu Inada koum och eréischt spéit zu senger Passioun komm. Mat 60 Joer huet hien eréischt schwamme geléiert, nodeems hien an d’Pensioun gaangen ass, fir seng krank Fra ze fleegen. A well hien ëmmer doheem wier, duecht hie sech ebe Sport ze maachen.
Déi éischte Kéier huet hien am Alter vu 70 Joer bei engem Triathlon matgemaach. “Déi ganz Welt laacht driwwer, awer ech soen, ech erliewen eng zweet Jugend. Aktiv ze sinn, mécht mech glécklech”.

Back to Top
CIM LOGO