D’Famill Seyler huet eis dofir bei sech empfaangen. D’Fabienne Haan huet nämlech dräi kleng Meedercher, dat jéngst huet knapps 8 Wochen. Bei der Aktivitéit kann hatt also nach net matmaachen. Ma d’Léini, wat bal 2 Joer huet, an d’Charlie mat senge 5 Joer bastele mat hirer Mamm ee Bild mat Pinguinen – passend zur Wanter-Saison.
Hir Bastel-Iddie sicht d’Fabienne meeschtens um Internet, op Plattforme wéi YouTube, awer virun allem och op Pinterest. Wien d’Pinguinen also gär wëll nobastelen, ka sech an dësem Youtube-Video inspiréieren.

Weider flott Iddien (op Däitsch) fënnt een och hei:
Deel 1: Trëppelen am MëllerdallDeel 2: Mam Mountain Scoot duerch d’Bëscher am MinettDeel 3: Verwurrelter baken