
Am Interview hat d’Diana nämlech d’Affär vun hirem Mamm Charles mam Camilla indirekt verantwortlech dofir gemaach, dass hir Bezéiung an d’Bréch gaangen ass. “Mir waren zu drëtt an dësem Bestietnis”, huet et vun der Prinzessin geheescht. Donieft hat si am Gespréich zouginn, selwer ontrei gewiescht ze sinn. 22,8 Millioune Mënschen haten deemools den Interview live gekuckt.
De Journalist Martin Bashir a BBC hu sech elo fir hir Methoden entschëllegt, déi si benotzt hunn, fir dësen Interview z’erméiglechen. “Es war eng Dommheet, dat ze maachen, an et ass eng Dot, déi ech zudéifst bedaueren”, erkläert de concernéierte Reporter.
Hien hat deemools dem Diana sengem Brudder Charles Spencer gefälschten Extraite vu Konte gewisen, fir ze “beleeën”, dass Mataarbechter vum Haff dofir bezuelt gi wieren, d’Prinzessin auszespionéieren. Doropshin huet hie seng Schwëster mam Journalist Bashir bekannt gemaach.
Der Prinzessin Diana hir Bouwen, den Harry an de William, kritiséieren d’BBC no dëse Revelatiounen.
Den Harry huet d’Medien fir den Doud vu senger Mamm responsabel gemaach. Si ass jo zu Paräis bei engem Autosaccident op der Flucht viru Paparazzi gestuerwen.
Den Interview hätt d’Relatioun tëscht sengen Elteren massiv verschlechtert, sot de William an engem Videomessage. Wéi den Interview zustane komm ass, hätt beaflosst wat seng Mamm gesot huet, sou de William.