Abbaye de CiteauxBis en Dënschdeg muss 1 Tonn Kéis fort

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Coronapandemie sinn d'Pateren an der Abbaye de Citeaux an der Bourgogne op hirem Kéis sëtze bliwwen. Dee musse se lo onbedéngt lassginn.
© AFP/Archives/JEAN-PIERRE CLATOT

Well vill Restauranten wéinst dem Covid zou waren a vill manner Leit an d’Butteker gaange sinn, ass d’Vente vum Kéis ëm ganzer 50 Prozent zréckgaangen, heescht et. Bis en Dënschdeg muss 1 Tonn dovu verkaaft ginn.

“Mir hu versicht, eise 75 Kéi ze erklären, datt si manner Mëllech sollte ginn, mä si schéngen dat awer net ze verstoen”, sot dozou mat engem Laachen de Brudder Jean-Claude, dee fir de Marketing vun der Abtei zoustänneg ass. Lo wier awer wierklech keng Plaz méi am Lager. Déi 19 Mënchen hu 4.000 Kéisleiwer ze vill an hire Kellere leien, also am Ganzen 2,8 Tonnen Iwwerschoss.

De Kéis vum Typ Reblochon, deen zanter 1925 an der Abbaye de Citeaux produzéiert gëtt, hat am Joer 2020 beim internationale Concours zu Lyon eng Sëlwermedail gewonnen. Verkaf gëtt de Kéis ënner anerem zu Hongkong, Tokio an Dubai. Pro Joer ginn 140.000 Kéisen hiergestallt, de Chiffre d’affaires läit bei 1,2 Milliounen Euro.

Lo hunn d’Pateren decidéiert, de Kéis online ze verkafen. Den Defi ass nawell grouss: Bannent e puer Deeg soll 1 Tonn Kéis un de Mann oder d’Fra bruecht ginn, dëst iwwert d’Start-up-Entreprise “Divine Box”, déi op d’Online-Vente vun Handwierkssaachen aus Kléischter - “Made in Abbayes” - spezialiséiert ass.

“Dat packe mir”, seet de Brudder Jean-Claude iwwerzeegt. E Freideg de Moien ass d’Aktioun lancéiert ginn, an et huet net laang gedauert, bis déi éischt 300 Kilo fort waren. Bestelle kann een nach bis e Méindeg um Hallefnuecht.

Back to Top
CIM LOGO