Congésdeeg fir nächst Joer scho verplangt?Brécken- a Feierdeeg 2026

Nicky Soisson
Elo wou d'Joer op en Enn kënnt, gëtt et Zäit sech Gedanken ze maachen. Ma wann ee sech do e bëssi schlau uleet, kann ee mat just engem Dag Congé vun engem laange Weekend profitéieren.
© www.pixabay.com

Brécken- a Feierdeeg 2026

Ugefaange mam 1. Januar. Dëse wäerten déi Meescht vun Iech jo well um Radar hunn, well e fält nämlech op en Donneschden. Wann Dir Iech e Freideg fräi huelt, dann hutt Dir 4 Deeg Weekend. Ass dat net schéi, fir an dat neit Joer ze starten?

Dono ass da mol Paus bis de 6. Abrëll. Dann ass nämlech Ouschterméindeg an dat gëtt deemno nees e laange Weekend mat 3 Deeg. Dat selwecht gëllt fir den 1. Mee, deen nächst Joer op e Freideg fält.

De Mount Mee wier dann och net Mee, wann et net direkt e puer där fräier Deeg géing ginn. Obwuel den Europa-Dag den 9. Mee zwar op e Samschdeg fale wäert, ass et de 14. Mee awer nees um traditionelle Christi Himmelfaart, wou een dann direkt de Freideg drun hänke kann an “zack” nees e laange Weekend vu 4 Deeg huet.

Fir de 5. Mount am Joer ofzeschléissen, ass et dann nach de Péngschtméindeg deen, wéi soll et anescht sinn, op e Méindeg fält an zwar de 25. Mee.

Nationalfeierdag, den 23. Juni, fält nächst Joer op en Dënschden a bitt domadder d’Méiglechkeet mat engem Bréckendag déi Aarbechtswoch ze verkierzen.

Dono heescht et da Gedold hunn, vill Gedold. Bis Chrëschtdag, also de 25. Dezember, dat 2026 op e Freideg fält, ass nämlech näischt méi mat Brécken- a Feierdeeg an der Woch. An ëm Chrëschtdag nächst Joer, am Géigendeel zu dësem Joer, musse mir méi Deeg Congé huelen, fir d’Enn vum Joer gemittlech auskléngen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO