"Wie gewonnen, so zerronnen"Brittesch Koppel knackt Milliounenjackpot a kritt kee Cent dovun

RTL Lëtzebuerg
Wéinst enger béiser Iwwerraschung um Konto stoung eng Koppel trotz richtegen Zuelen no der Zéiung mat eidelen Hänn do.
© AFP/Archives/JOEL SAGET

5 Woche laang hunn d’Rachel Kennedy an de Liam McCrohan bei “Euromillions” matgespillt, bis si mat hiren Zuelen d’Geschäft vun hirem Liewe gemaach haten. Duechte si op d’mannst emol... 182 Millioune Pond, ëmgerechent 212 Milliounen Euro, hate si bei der Zéiung gewonnen. Suen, déi et hinnen erméiglecht hätten, hiert Dramhaus ze bauen, op Weltrees ze goen oder sech Géigestänn wéi e luxuriéisen Auto ze kafen, déi soss ëmmer ze deier waren.

D’Virfreed op de Milliounegewënn war allerdéngs net vu laanger Dauer. Wéinst engem fatale Feeler si si trotz richtegen Zuelen ëm kee Cent méi räich ginn. Déi jonk Fra hat nämlech net genuch Geld op hirem Konto, wéi si de Lottoschäi bezuele wollt. Aus deem Grond gouf en och net ageléist. Fälschlecherweis gouf de Gewënn awer op der App ugewisen.

Ob si an Zukunft d’Patte vu Glécksspiller loosse wäerten? Definitiv net, sou d’Rachel an de Liam. Si wäerte weider probéieren, am Lotto ze gewannen. A wie weess, vläicht geléngt et hinne jo nach eng zweete Kéier. Bleift just ze hoffen, dass deen Ament genuch Suen um Konto sinn, fir de Lous anzeléisen.

Back to Top
CIM LOGO