Alles Guddes!Brittesch Prinzessin Eugenie ass Mamm ginn

RTL Lëtzebuerg
De Buckingham Palace huet en Dënschdeg matgedeelt, dass de Jong vun der 30 Joer aler Prinzessin d'Liicht vun der Welt erbléckst huet.
© AFP

De Papp Jack Brooksbank war bei der Gebuert am privaten Portland Hospital mat dobäi. Der frësch gebakener Mamm an hirem Jong géing et gutt goen, heescht et aus London.

Den Numm vum Puppelchen, deen op Plaz 11 an der brittescher Trounfolleg steet, ass nach net bekannt. Et ass dat éischte Kand vun der Koppel. Fir de Prënz Andrew ass et iwwerdeems dat éischten Enkelkand, fir d’Kinnigin Elizabeth allerdéngs schonn den 9. Urenkel.

2018 haten d’Prinzessin Eugenie an den Jack Brooksbank hir Hochzäit op Schlass Windsor gefeiert. Hir Schwëster Beatrice huet lescht Joer dem italienesche Geschäftsmann Edoardo Mapellli Mozzi d’Jo-Wuert ginn. Béid Schwëstere stinn op Plaz 9 an 10 an der brittescher Trounfolleg.

Back to Top
CIM LOGO