
De Bruce Springsteen wier de 14. November do festgeholl ginn, sou eng Porte-parole vum Sandy-Hook-Park géintiwwer der Noriichtenagence AFP.
De Museker war do schonn 3 Mol verwarnt gi wéinst geféierlechem Fuerverhalen an Alkoholkonsum op enger Plaz, op där et net erlaabt ass. Hien hätt sech “kooperativ” gewisen, heescht et weider.
Der Promi-Websäit “TMZ"no, déi als éischt iwwert de Virfall bericht haten, muss sech de Springsteen an den nächste Woche viru Geriicht veräntweren.