
Och de Manktem u Sensibilitéit, deen de Prënz Harry sengem Papp, dem Prënz Charles virgehäit huet, gëtt hefteg diskutéiert.
D’Monarchie riskéiert duerch déi rezent Aussoen am Interview mam Oprah Winfrey an eng Kris ze geroden. D’Britte selwer si gedeelter Meenung.
De Buckingham Palace huet bis elo nach net op d’Virwërf reagéiert. Der Times no hätt d’Queen Elisabeth II. refuséiert, e Communiqué fräizeginn, deen d’Gemidder berouege sollt. Dem Prënz Harry seng Groussmamm wéilt sech fir hir Äntwert méi Zäit huelen, heescht et. Och de Prënz Charles huet en Dënschdeg kee Wuert iwwert den Interview, an deem d’Koppel en däischtert Bild vun der Monarchie gezeechent hat, verluer.
Notamment d’Fro, wie sech dann elo Gedanken iwwer d’Hautfaarf vum antëschent 22 Méint alen Archie gemaach huet, beschäftegt d’Ëffentlechkeet. Dozou wollt d’Koppel nämlech am Interview näischt Konkreetes präisginn. Iwwer d’Identitéit vun der Persoun ass deemno nach ëmmer näischt gewosst. Et soll sech awer net ëm d’Kinnigin oder hire Mann Prënz Philip handelen, wéi no der Verëffentlechung vum Interview direkt kloergestallt gouf.

Zu Wuert gemellt huet sech antëschent awer de Papp vum Meghan Markle. Hie gleeft net, dass déi kinneklech Famill rassistesch wier. Senger Meenung no kéint et sech bei der Diskussioun iwwer d’Hautfaarf vum Archie einfach “just ëm eng domm Fro” gehandelt hunn.
D’Labour Party, déi gréissten Oppositiounspartei, verlaangt allerdéngs eng Enquête.
An der Regierung gëtt gefaart, dass d’Aussoen der Monarchie laangfristeg schuede kéinten. Wann eng héichgestallte Persoun géif mam Numm genannt ginn, wier dat en Desaster, huet e brittesche Minister anonym wësse gedoen. D’Leit am Ongewëssen ze loossen, géif allerdéngs op där anerer Säit vill Raum fir Spekulatioune loossen. Och dat wier net gutt fir d’Zukunft.
De Premier Boris Johnson wollt sech iwwerdeems net an d’Diskussiounen amëschen.