
De Carlo Schneider bréngt d’Leit mat senge Karikaturen iwwer d’Aktualitéit zum schmunzelen. Hie kann net roueg sëtzen a bal ëmmer huet hien eng Fieder an der lénker Hand. Bekannt ass hien zanter ville Jore fir säi Joresréckbléck ‘Karikatour’, wou hien déi gréissten Evenementer, déi quokelegst Momenter an déi witzegst Zeene festhält a nach e bësschen Peffer a Salz driwwer street, fir d’Leit zum laachen oder op d’mannst zum Schmunzelen ze bréngen. Seng Zeechnunge weisen op ee Bléck, dass näischt sou schlëmm ass an och grotesk Optrëtter mat senger Hëllef eppes Witzeges hunn.

Dem Johanna Henkel leien Déieren um Häerz an dofir setzt si sech zesumme mam Martin Rütter an. Si engagéiert sech zanter 2022 bei ‘Adoptieren statt Produzieren eV’ a reest och op den Terrain fir ze gesinn wéi aarmséileg zum Beispill Hënn a Rumänien liewen. Mat trauregen Impressiounen ass si zréckkomm a beleet mat Fotoen a Videoen d’Situatioun sur place. An doriwwer schwätzt si reegelméisseg mam Martin Rütter am Podcast, deen och der Meenung ass, den illegalen Welpenhandel net z’ënnerstëtzen, mee op Déierenasyler zréckzegräifen a si plädéieren souguer fir en eenheetlechen Hondsführerschäin. https://www.instagram.com/adoptieren.statt.produzieren/

De Christoph Prosperi schafft zanter 15 Joer an der Gastronomie an dat mécht him grousse Spaass. War et de Monni Ernesto Prosperi, besser bekannt als de Baron, deen hien op de Goût bruecht huet, mee scho mat 17 war hien als Commis beim legendären Bocuse d’Or. 2017 huet hien säin éischten Restaurant um Lampertsbierg opgemaach wou e sech op d’Virléifte vu senger Mamm baséiert huet. Hien huet sech du séier op Hochzäite spezialiséiert, suergt fir de Catering a war 2018 Member vun der Nationalmannschaft vun de Lëtzebuerger Käch. 2022 huet hie sech selbstänneg gemaach a féiert direkt zwee Restauranten am Mëllerdall, fir déi en am Gault&Millaut ze fannen ass.

D’Eliane Wagner an de Gibbes Bertolo waren zwee grouss Pilieren vun RTL. Iwwerdeems een de Gibbes 40 Joer bal am RTL-Wecker, RTL-Feierowend, am Musekexpress, an der RTL-Mëttesstonn oder elo 8 Joer am Sonndes-Duell mat senger waarmer Stëmm héiere konnt, huet d’Eliane 20 Joer als gutt Séil am Sekretariat fir Energie a gutt Stëmmung gesuergt. Beim Gibbes war kee Wuert dem Zoufall iwwerlooss an et konnt ee sécher sinn, dass et och nach richteg geschriwwe war an och d’Eliane huet um Telephon oder mat de Gäscht ëmmer déi richteg Wierder fonnt. D’Pensioun rifft a mat engem grousse Fest, wou jonk an al Kolleegen deenen zwee vu ganzem Häerz Merci gesot hunn, fänkt en neit Kapitel un, wou se net méi souvill no der Auer an den E-Mailen kucke mussen.
