Zürcher Studentebal 2025 Chic Kleeder, fetzeg Musek an dausende Jonker, déi feieren

Christophe Hochard
Zanter 1960 gëtt dëse Studentebal all Joers um Owend vu Chrëschtdag organiséiert. Eng Traditioun, déi all Joers nees zeg dausende Jonker unzitt.

Um Chrëschtdagowend war et déi 63. Editioun vum Zürcher Studentebal. Iwwer 4.000 Jonker waren an der Luxexpo an hu bis an déi fréi Moiesstonne gefeiert. Fir déi 9.Kéier gouf dësen traditionelle Bal um Kierchbierg an den Ausstellungshalen organiséiert. De Groussen Theater, de Parc Hotel zu Dummeldeng oder d’Rockhal waren aner Plazen, wou de Bal vun de Studente vun Zürech um 25.Dezember iwwert d’Bün goung.

Wat den Zürcher Studentebal vun anere Baler ënnerscheet, ass d’Kleedung. Déi Responsabel vun dësem Fest leeë vill Wäert drop, dass d’Leit a chice Kleeder kommen.

Extrait Philippe Schaack
Säit 1960 ass et Traditioun, datt d’Leit um Zürcher Bal chic ugedoe sinn.

Scho kuerz no 23 Auer gëschter Owend stoungen déi Jonk sech d’Féiss platt virun der Entrée vun der Luxexpo. Vu wäitem sinn engem déi riseg Waardeschlaangen um Parking vun der Ausstellungshal opgefall. Jidderee wollt eran. Nieft der gudder Ambiance geet et de Gros vun de Leit virun allem drëms, fréier Schoulkolleegen a Schoulfrendinnen erëmzegesinn. No der Première verléiert ee sech dacks aus de A. Um Zürcher Bal geséit ee sech dann erëm.

Wat mécht den Zürcher Bal esou spezial?
Mir hu bei de Studenten nogefrot.

Vun der Live Band, de Noisemakers iwwer eng Partie DJ’en. Fir déi richteg Stëmmung war och dëst Joer um Zürcher Studentebal gesuergt.

Méi an Toun a Bild gesitt dir den Owend am Journal um 19 Auer op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO