Gratis FilmerChina schenkt Awunner Bonge fir d'Doheembleiwen

RTL Lëtzebuerg
Normalerweis reesen all Joer Millioune vu Leit fir dat chineesescht Neijoerschfest uechter d'Land.

Fir d’Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen, soll 2021 awer op dës Traditioun verzicht ginn. Fir d’Leit z’encouragéieren, Doheem ze bleiwen, huet sech d’Regierung eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Jiddereen, dee wärend de Feierdeeg net verreest, gëtt belount. An zwar mat gratis Filmer an Uriff. Eleng an der Haaptstad géing d’Regierung Bongen am Wäert vu ronn 40 Millioune Yuan (5,1 Milliounen Euro) ausginn, schreiwen staatlech Medien.

Ob dës Offer Wierkung weist? Mat Bléck op 2020 wieren tatsächlech 80% manner Zuch- a Fluchreese gebucht ginn. Den Ament sollen et keng nei Corona-Fäll a China ginn. Grad dowéinst wëllen eng Partie Chineesen et sech net huele loossen, hir Familljen ze besichen.

Back to Top
CIM LOGO