Fir de gudden ZweckDäitsche Coiffer versteet éischte Rendez-vous nom Lockdown

RTL Lëtzebuerg
Et ass en Dag, op dee vill Leit ongedëlleg gewaart hunn: Den 1. Mäerz dierfen d'Coifferen hir Dieren nees opmaachen.

Den Undrang an de Coiffeurssalone wäert riseg sinn: Net nëmme sinn d’Hoer wärend de leschte Wochen am Confinement gewuess, ma och e puer Styling-Onglécker musse vun den Experte behuewe ginn.

Dass net nëmmen eng Hand voll Leit direkt den éischten Dag vun der Reouverture wëlle coifféiert ginn, krut och e Bayreuther Coiffer ze spieren. Ëmmer nees gouf den Andreas Nuissl gefrot, fir direkt um 8 Auer moies un d’Rei ze kommen. Nonstop huet den Telefon geschellt. Iwwer 150 Appeller si scho bei him erakomm, nodeems d’Ukënnegung koum, dass d’Coifferen nees ugangs Mäerz dierfen opmaachen.

Wéinst der grousser Nofro huet hie sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Den éischte Rendez-vous gëtt nämlech versteet. Op Ebay! Wien dat meeschte Geld bitt, dierf als éischt nom Lockdown friséiert ginn. D’Zomm, déi dobäi erakënnt, hält de Besëtzer vum Coiffeurssalon awer net fir sech, mee gëtt fir de gudden Zweck gespent. Un d’Tafel Bayreuth an eng Hëllefsorganisatioun, déi sech fir Kanner an Nout asetzt. E Freideg de Moie louch déi héchsten Offer scho bei 282 Euro.

Déif an d’Täsch gegraff hat och eng aner Cliente, fir nees Uerdnung op de Kapp ze kréien. 500 Euro huet si op den Dësch geluecht, fir den 1. Mäerz kënne beim Nuissl e Rendez-vous ze kréien. Och déi Sue wëll de Coiffer spenden. Hie kéint d’Suen zwar selwer gutt gebrauchen, déi lescht Méint wieren net einfach gewiescht, awer op eng Coupe méi oder manner géing et net ukommen, sou de 57 Joer ale Mann aus Oberfranken.

Back to Top
CIM LOGO