Hirer Meenung no ass Danzen en Departement d’Art a Kultur a kee Sport. Deemno ka si déi Reegel vun den 30 Quadratmeter pro Persoun net novollzéien. Danzproffen argumentéieren op hirer Säit, dass Zoom och weder eng Solutioun nach eng Alternativ wier, well si net richteg d’Schüler kéinte verbesseren an ëmmer e gewëssen Decalage do wier, e grousse Problem, wann een op Musek ugewisen ass. En anere Problem wieren d’Ongereimtheete bei de Reegele vun den Danzschoulen. Sou ginn déi staatlech Danzschoulen zum Beispill zum Ministère de l’éducation zielen. Deemno hu si aner Restriktioune wéi privat Danzschoulen, déi gréisstendeels dem Sport seng Reegele musse befollegen, woubäi och hei net déi nämmlecht Reegele fir all Danzschoul gëllen.
Mattendran ass d’Sara Eden, déi hir eegen Danzschoul zu Esch huet, an hir Coursen zanter September op verschidde Sportshalen opgedeelt huet. Fir eise Reportage hu mir si fir een Dag begleet.
En vue vun den neie Mesuren, déi den Educatiounsminister en Donneschdeg annoncéiert huet, ass d’Situatioun an den Danzschoulen aktuell nach ongewëss.