
Dausende Spectateuren a Participanten hu sech vum groen Himmel net ofschrecke gelooss – ëmmerhi gouf déi 40. Editioun gefeiert! Mat faarwege Kostümer, Kamellen a Gadgeten.
Kuerz viru 14.30 Auer hunn zu Dikrech déi 55 Gruppen a Ween sou lues hir Positioun am Cortège ageholl - dorënner och de Sandro Dimola, dee sech déi lescht 10 Méint op dësen Dag virbereet huet. Hien ass President vum Organisatiounscomité “D’Eselen aus der Sauerstad Dikrich”, kuerz ESD. An hie ka mat Stolz behaapten, dass hie scho viru 40 Joer bei der éischter Dikrecher Kavalkad ënnert dem ESD dobäi war – an der Poussette! De Sandro Dimola war deemools mat sengem Grousspapp ënnerwee, seng Eltere waren Deel vum Cortège. D’Leidenschaft fir d’Fuesent ass him also quasi an d’Wéi geluecht ginn.
Déi alleréischt Kavalkad hei am Land war awer schonn am Joer 1870, zu Dikrech. Zanterhier ass se ëmmer méi grouss a populär ginn. Ronn 1.800 Fuesgecke sinn e Sonndeg an engem zwee Kilometer laange Cortège duerch d’Stroossen gezunn an hu fir gutt Stëmmung gesuergt. Virun allem déi Kleng hu sech op Kamellen a Popcorn gefreet, a ware begeeschtert vun de verschiddene Ween.
E Liewen ouni Dikrecher Kavalkad kann de Sandro Dimola sech bal net méi virstellen. Zanter 18 Joer ass hie schonn am Organisatiounscomité aktiv, zanter 3 Joer als President. An och schonn als Kand ass hie mat der Musek an de Scoute matgaangen. Fir hie wier dat Schéinst un der Fuesent d’Laachen an de Gesiichter vun de Kanner ze gesinn a sech z’ameséieren. Genee dorëms géing et bei der Fuesent goen.
An ameséiere kënnen d’Fuesboke sech nach bis Enn Mäerz op e sëlleche Fuesbaler a Kavalkaden. Déi nächst, déi usteet, ass den 10. Mäerz zu Schëffleng.
RTL-NEWS: Wat, wou, wéini? Kavalkaden a Fuesbaler op ee Bléck.
E Freideg de Mëtteg war de Rom Hankes bei den E.S.D. (Eselen aus der Sauerstad Dikrich) e puer Fotoe vun de Preparative vun der Kavalkad maachen. De Won huet musse gefëllt ginn, wat no Altweiber net fir jiddereen esou einfach war. Mä et huet musse sinn, 4 Tonne Kamelle waren op d’Ween ze verdeelen. De Loui hat nach e Rendez-vous beim Zänndokter, duerno huet hie seng Plaz um Won ageholl. Alles war prett an d’Kavalkad konnt e Sonndeg um 14.30 Auer lassgoen ...
FOTOGALERIE: Andréck vun de Preparativen um Freideg vum Rom Hankes.
“Karneval” virun allem am Rheinland, “Fastnacht” am Südwesten, “Fasching” a Bayern ... a Fuesent zu Lëtzebuerg. Eis Fuesent läit der däitscher “Fastnacht” am noosten. D’Nuecht viru Faaschten. “Karneval” kënnt vum Laténgesche carnelevare, d’Fleesch gëtt fort geholl, a “Fasching” kënnt aus dem Mëttelhéichdäitsche vaschanc, dat lescht alkoholescht Gedrénks also, ier dass gefaascht gëtt. Et si jo och gäre mol e puer lescht Pätt ...
Fuesent ass also dee leschten intensive Genoss virum Verzicht. 40 Deeg bis Ouschtersonndeg. Wéi der Bibel no och de Jesus dat gemaach hat. Protestante mussen net faaschten, d’Katholike wuel – wann och haut net méi esou streng ewéi fréier. Do war net nëmme Fleesch tabu, mä och Kéis, Botter, Eeër a Mëllech waren et. Produiten, déi deemools ouni Frigo séier ëm waren. An dofir virum Faaschten a fettegem Gebäck – Verwurrelter an Nonnefäscht – verschafft goufen.
D’Traditioun mat de Kostümer kënnt vu Köln. 1823 gouf do e Festcomité gegrënnt fir eng exklusiv Form vum “Karneval”. Hautdesdaags ass d’Fest fir jiddereen, bliwwen ass awer, dass e wéineg de Geck mat den politeschen Autoritéite gemaach gëtt. Zu Lëtzebuerg huet déi Traditioun vläicht e bëssen ofgeholl.
FOTOGALERIE: Andréck vum Cortège vum Ketty a Rom Hankes an och vum Vidosava Kuzmic a Loïc Juchem.