"Holidays Are Coming"Berüümte Coca-Cola-Truck nees zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Spéitstens mat deem Camion misst jiddereen a Chrëschtdagsstëmmung kommen.

Et ass ee vun de markantste Camione wärend de Feierdeeg, deen een normalerweis aus den USA kennt. Dëst Joer war dee berüümte Coca-Cola-Camion och zu Lëtzebuerg.

Fir eng drëtte Kéier war de roude Chrëschtdagscamion vun 12 bis 20 Auer beim Cactus zu Käerjeng ze gesinn. Ma net just konnt een de Camion bestaunen, et goufe sëllege lëschteg a festlech Aktivitéite gebuede speziell fir Familljen, och ee Shooting mam “Santa Claus”

Déi éischte Kéier war de Coca-Cola-Truck 2010 am Grand-Duché op Besuch, dono am Joer 2017.

Eng Foto vum Steve Müller vum Truck aus dem Joer 2010.
Eng Foto vum Steve Müller vum Truck aus dem Joer 2010.
© Steve Müller

Back to Top
CIM LOGO