Vun der Champions-League-Finall an e SportsbuttekDe fréiere franséische Verdeedeger Jérémy Mathieu schafft an engem Intersport

RTL Lëtzebuerg
Hien huet fir déi franséisch Nationalekipp gespillt an 2015 mat Barcelona d'Champions League gewonnen. Elo geet de Jérémy Mathieu engem normale Beruff no.
© X an AFP

Zanter e Samschdeg mécht eng Foto grad an de franséische soziale Medien den Tour: De Jérémy Mathieu poséiert mat zwee Fans, an hien huet d’Aarbechtskleedung vum Sportsgeschäft Intersport un.

Den haut 41 Joer ale fréiere Futtballprofi, ëmmerhin huet hie fir den FC Barcelona a Sporting Lissabon gespillt a huet fënnef Matcher fir déi franséisch Nationalekipp gemaach, geet no senger Karriär engem normale Beruff no. Wéi de Site lesviolets.com mellt, schafft de Mathieu haut am Intersport vu Cabrièz an der Regioun vu Marseille. Hie beréit d’Leit, wéi soll et anescht sinn, am Futtball-Rayon.

Et ass e perséinleche Choix vum fréiere Profi, deen elo e méi normaalt Liewe wëll féieren a seng Suen als Mataarbechter vun engem Geschäft wëll verdéngen. Ma och dobäi ass hie senger Passioun, dem Futtball, weider trei bliwwen.

Weider Detailer bei RTL Infos

Back to Top
CIM LOGO