Pann am Suez-KanalDe Kapitän hat kuerz virdrun e Penis an d'Waasser "gemoolt"

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer stécht dat 220.000 Tonne schwéiert Schëff "Ever Given" am Suez-Kanal fest. En aneren Detail suergt den Ament awer fir méi wéi ee Schmunzelen.

Dass de Kapitän u sech e Meeschter am Manövréieren ass, hat hien nämlech kuerz virdru bewisen. D’Tracking-Websäit “Vesselfinder” huet e Freideg e Bild getwittert, op deem de Wee ze gesinn ass, deen d’Schëff gefuer ass, wärend op d’Signal gewaart gouf, fir de Suez-Kanal unzesteieren. De Mann um Steier huet e Penis an d’Waasser “gemoolt”, wéi een och ouni vill Fantasie mussen ze hunn, erkenne kann. Et kann een hei wuel vun enger ongewéinlecher Form vun engem “Dick Pic” schwätzen. “Genital manövriert”, schreift d’Noriichtesäit ntv.

Dat Ganzt huet awer näischt mat der uschléissender Pann ze dinn, bei där der Crew awer wuel trotzdeem d’Laache vergaangen ass. Dat 400 Meter laangt a 59 Meter breet Containerschëff “Ever Given” blockéiert zanter en Donneschdeg de Kanal a suergt do fir e kräftege Stau. Et kéint nach eng gutt Zäit daueren, bis de Problem geléist ass.

Back to Top
CIM LOGO