RIPDe Larry Flint ass dout

RTL Lëtzebuerg
De Grënner vum weltwäit bekannten Hustler-Magazine ass am Alter vun 78 Joer zu Los Angeles gestuerwen.

1978 war de Flint vun engem Rietsextremist niddergeschoss ginn, nodeems a sengem Magazine eng Foto vun enger Koppel publizéiert gouf, déi verschidden Hautfaarwen hat. Zanterhier souz hien am Rollstull.
An der Lescht war de Flint och semi-politesch aktiv, well hie sech oppe géint d’Politik vum Donald Trump staark gemaach hat.

Säi Liewe gouf 1996 och verfilmt, mam Woody Harrelson an der Haaptroll, deen dofir fir en Oscar nominéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO