Wéinst Virfäll an Éisträich viru GeriichtDe Prënz Ernst August soll e Polizist blesséiert hunn

RTL Lëtzebuerg
De Prënz Ernst August vun Hannover steet zanter en Dënschdeg viru Geriicht. Hie soll net just e Beamte verletzt ma och aner Mënsche bedrot hunn.
© APA/AFP/Werner KERSCHBAUMMAYR

Dem 67 Joer ale Mann vun der Prinzessin Caroline vu Monaco gëtt virgehäit, de leschte Summer ënner Alkohol- a Medikamentenafloss e Polizist blesséiert an och nach aner Beamte souwéi Employéë menacéiert ze hunn. De “Welfenprinz” seet iwwerdeems, hie wier onschëlleg.

Den Urenkel vum leschten däitsche Kaiser Wilhelm II. ass nawell fir seng Ausbréch bekannt. Leschte September war hien a sengem Juegdhaus zu Grünau am éisträicheschen Almtal festgeholl ginn. Deemools huet et geheescht, hien hätt Employéë bedrot a mat engem Verkéiersschëld eng Fënster ageschloen.

Am Prozess geet et awer och ëm zwee aner Virfäll am Juli: An der Nuecht vum 15. Juli 2020 soll et zu engem Policeasaz a sengem Juegdhaus komm sinn, bei deem hie sech hefteg gewiert hätt, woubäi ee Beamte verletzt gouf. Doriwwer eraus soll hien dem Procureur no massiv Poliziste bedrot a “mat der Hiriichtung vun hire Familljen” gedréit hunn. An Handschellen war hie schliisslech matgeholl an an d’Psychiatrie vun enger Klinick bruecht ginn.

Zum nächsten Tëschefall koum et den 20. Juli. Déi Kéier soll den Ernst August e Polizist mat engem Baseballschléier menacéiert hunn.

Viru sengen Ausraster hätt hie sech mat “Alkohol und Medikamenten fahrlässig in den Zustand der Zurechnungsunfähigkeit versetzt”, huet déi éisträichesch Noriichtenagence APA geschriwwen.

Am Fall vun enger Verurteelung kéinten dem 67 Joer ale Mann bis zu 5 Joer Prisong bléien. Um Wee an de Geriichtssall soll den Ernst August sech en Dënschdeg entschëllegt hunn: “Ich möchte mich für alles bei den Beteiligten entschuldigen, bedauere das Geschehene und bin bereit für die Schäden aufzukommen. Damit ist aus meiner Sicht alles gesagt.”

Sengen Affekoten no soll hien zanter der Affär a Behandlung sinn. Am Summer hätt hie sech an enger “Ausnamesituatioun” befonnt, well hien iwwer Joren isoléiert gewiescht wier a Sträit mat sengem Fils hat. Donieft hätt hie vu sengem Zänndokter staark Medikamenter géint Péng kritt.

Wéini d’Urteel geschwat gëtt, ass nach net gewosst. Iwwer 10 Zeien an ee psychiatreschen Expert solle viru Geriicht aussoen.

Back to Top
CIM LOGO