Job fir en (Ex)RoyalDe Prënz Harry schafft elo fir eng Coaching-Startup zu San Francisco

RTL Lëtzebuerg
Nom Broch mat der brittescher Kinneksfamill kënnt elo deen nächste Schratt a Richtung Onofhängegkeet fir de Prënz Harry.
© AFP Archivbild

De 36 Joer alen Harry schafft elo als Chief Impact Officer fir d’Startup-Entreprise “Betterup” zu San Francisco. A senger neier Funktioun als Coach a Beroder bei psychesche Problemer, wäert de fréiere Royal sech dofir asetzen, dass mënschlecht Potential weltwäit besser genotzt gëtt.

“Ech gleewe fest drun, dass d’Konzentratioun op eis mental Fitness, eis Potential a Méiglechkeete ginn, vun deene mir ni woussten, dass mir se an eis droen”, sou den Harry an engem Blog-Bäitrag vun der Startup.

“Selbstoptiméierung géif net bedeiten, eppes ze flécken, wat futti ass. Et bedeit, déi bescht Versioun vu sech selwer ze ginn, mat allem, wat d’Liewen eis op de Wee schleidert - een, dee bereet ass, fir déi nächst Erausfuerderung an de Réckschléi mat Courage, Zouversiicht a Selbstbewosstsinn ze begéingen.”

Déi 2013 gegrënnte Firma “Betterup” bitt digital Coaching- a Mentoring-Servicer un. Déi mat ronn 1,73 Milliarden Dollar dotéiert Firma kombinéiert eegenen Aussoen no Erkenntnisser aus der Verhalensfuerschung mat kënschtlecher Intelligenz a Coaching-Usätz, fir déi perséinlech a berufflech Entwécklung ze fërderen. Iwwer 270 Leit schaffe fir d’Startup, dobäi kënnt en Netzwierk aus ronn 2.000 Coachen.

Zu de Clientë gehéiert ënner anerem d’Weltraumagence Nasa, den Energiekonzern Chevron an d’Medienhaus Warner Media. Och de Prënz Harry hat d’Coaching-Plattform an der Vergaangenheet fir perséinlech Zwecker genotzt.

Dësen Job ass awer net deen eenzege finanzielle Moyen, dee sech d’Koppel Harry a Meghan gëtt, zanter si sech vum brittesche Kinnekshaus lassgerappt hunn. Si hunn och eng Rëtsch lukrativ Kontrakter bei Streaming-Servicer ënnerschriwwen an donieft d’Non-Profit-Organisatioun “Archewell” gegrënnt.

Back to Top
CIM LOGO