Brittesch KinneksfamillDe Prënz Philip gouf erfollegräich um Häerz operéiert

RTL Lëtzebuerg
Den 99 Joer ale Mann vun der Queen Elizabeth huet de medezineschen Agrëff um Häerz iwwerstanen, deelt de Buckingham Palace mat.
© POOL/AFP/File/Adrian DENNIS

Den Herzog vun Edinburgh gouf e Mëttwoch an der St.-Bartholomew’s-Klinick operéiert. Hie muss fir weider Behandlungen nach e puer Deeg an der Klinick bleiwen. Viru ronn 2 Woche gouf hien an d’King-Edward-VII.-Spidol ageliwwert, gouf dunn awer spéider an eng aner medezinesch Infrastruktur verluecht.

Zanter Joren ass de brittesche Royal mat gesondheetleche Problemer geplot. Dowéinst huet hie sech viru 4 Joer gréisstendeels aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. Ënnert anerem krut hien 2018 e kënschtlecht Hëftgelenk agesat an huet e puer Mol wéinst Infektioune misse behandelt ginn. 2011 gouf hien um Häerz operéiert a krut e Stent agesat.

Back to Top
CIM LOGO