
De Prënz Philip war de 16. Februar an d’Londoner Kinnek-Edward-VII.-Klinick ageliwwert ginn. Fir d’éischt hat et aus dem Buckingham Palace geheescht, datt et sech ëm eng “Virsiichtsmoossnam” géing handelen, well hie sech net wuel gefillt huet. E puer Deeg méi spéit war vun enger Infektioun rieds.
No annerhallwer Woch gouf hien dunn an d’St.-Bartholomew’s-Klinick zu London verluecht, déi als Häerzzentrum international renomméiert ass. Do gouf de Prënz Philip Ufank Mäerz um Häerz operéiert, déi dem Buckingham Palace no gutt verlaf ass. Duerno hat et geheescht, datt hien nach e puer Deeg zur Behandlung an Erhuelung an der Klinick bleiwe soll. Dofir gouf hien nees an d’Kinnek-Edward-VII.-Spidol transferéiert. En Dënschdeg de Moie gouf hien entlooss, dat huet e Fotograf vun der Noriichtenagence AFP matgedeelt. De Buckingham Palace huet d’Entloossung vum Philip bis ewell net offiziell bestätegt.
De Prënz Philip an d’Elizabeth II sinn zanter 1947 bestuet. 2017 huet sech de Prënz gréisstendeels aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. Hien hat an de leschte Joren ëmmer nees gesondheetlech Problemer.