An der Nuecht vum 7. op den 8. Abrëll kënne mer a Mëtteleuropa de Mound an engem extra grousse Format um Himmel gesinn, dee gréissten an hellste Supermound am Joer 2020. Domadder ass den Äerdtrabant gemengt, wann en eisem Planéit e gutt Stéck méi no kënnt.
Besonnesch spektakulär a fotogen ass de Supermound direkt wann en opgaangen ass oder kuerz ier en nees ënnergeet. Do suergt e psychologescht Phänomen dofir, dass eis de Mound nach méi grouss virkënnt.
De 24. Mäerz war de Mound nach 406.692 Kilometer vun der Äerd ewech, elo sinn et der 356.906. Dat ass deemno de Grond wisou en de Moment méi grouss ausgesäit. Ma e schéngt just méi grouss. Hei handelt et sech ëm eng optesch Täuschung, well u sech ass de Mound méi hell wéi soss.
Iwwregens, 1979 hat den amerikaneschen Astrolog Richard Nolle fir eng éischte Kéier vum Supermoon geschwat. De Begrëff ass an der Wëssenschaft an an der Astronomie net esou geleefeg a gëtt éischter an de Beräich vun der Esoterik verwisen. Dat läit awer virun allem um Nolle senger Thees, déi vun vun Aflëss vum Supermound op Vulkanausbréch a Äerdbiewen schwätzt.
Deen nächsten Himmelsspektakel léisst dann och net laang op sech waarden: vu Mëtt bis Enn Abrëll gi mir mat de “Lyriden” verwinnt. Do gëllt et da gutt ze kucken, fir keng Stäreschnäiz ze verpassen.