LIVE! Planet People vum 5. JuniMam Sonja Tholl, Fernand Schaber an Mike Almeida

Patrick Greis
'Youth Artistic Swimming Championships', 35 Joer 'Unity Foundation' an den 'Ultralux 360'

D'Sonja Tholl engagéiert sech ënnert anerem als Coach am 'Artistic Swimming', wou d'Europameeschterschafte fir déi Jonk aktuell an der Coque sinn. Nach bis e Sonndeg sinn 250 Athleten aus 28 Natiounen um Depart a moosse sech matenaner. Et ass eng Première fir d'FLNS, fir sou e groussen Event an deem Beräich z'organiséieren. 'De Concours valoriséiert d'Disziplin a soll deene Jonken - egal ob Meedercher oder Jongen - Loscht maachen, se auszeüben.' Et ass och déi éischte Kéier, dass d'Nationalekipp vu Lëtzebuerg u sou engem groussen internationalen Event participéiert.

Artistic Swimming
© Sonja Tholl

De Fernand Schaber kuckt op 35 Joer 'Unity Foundation' zréck, wou mat 17 Länner zesummegeschafft gëtt. D'Zil ass, den Zougang zu Bildung a Formatioun ze garantéieren. Zanter 1991 huet d'Unity Foundation enk mat lokalen Organisatiounen a 17 Länner u Bildungs- a Formatiounsprogrammer geschafft, fir esou Honnertdausende vu Leit d'Liewen nohalteg ze verbesseren. De Message ass einfach: 'Unity starts with U!'. No vir gekuckt bleift d'Unity Foundation gären engagéiert, fir ëmmer méi Mënschen dobäi ze ënnerstëtzen hiert Potential ze entdecken an ze entfalen.

Unity Foundation
© Fernand Schaber

De Mike Almeida huet bannent 6 Deeg den Tour vun de Grenze vum Land gemaach an huet 360km zréckgeluecht. De 27 Joer ale Geographie- an Nohëllefenseignant huet eréischt virun 9 Méint d'Lafe fir sech entdeckt. Hien huet erausfonnt wéi wichteg kierperlech a mental Gesondheet ass. Säin éischte Marathon ass hien an 3:41:34 gelaf an huet sech dunn als Challenge gesat, 360km ronderëm d'Grenze vu Lëtzebuerg an net emol enger Woch ze lafen an domadder och d'Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. Säin Motto: 'All Schrëtt an all Kilometer zielt'.

Mike Almeida
© Mike Almeida

Back to Top
CIM LOGO