
Dem Warren Buffet seng Investmentgesellschaft Berkshire Hathaway huet e Mëttwoch op der Wall Street en neie Rekord erreecht - d’Verméige vum 90 Joer ale Mann ass domat fir d’éischt iwwer 100 Milliarden Dollar geklommen.
Dem US-Magazin “Forbes” no soll hien elo 100,3 Milliarden Dollar (84,01 Milliarden Euro) schwéier sinn.
Berkshire Hathaway ass am Besëtz vun iwwer 60 Entreprisen, dorënner den US-Assureur Geico an de Batterieproduzent Duracell. Donieft ass d’Investmentgesellschaft a verschiddenen Entreprisë bedeelegt, wéi zum Beispill dem Technologiekonzern Apple oder de Finanzkonzerner American Express a Goldman Sachs.
De Warren Buffet gëtt wéinst dem Erfolleg vu sengen Investitiounen och “Orakel vun Omaha” genannt. Mam Bill Gates huet hien 2010 d’Initiativ Giving Pledge gegrënnt, an där sech wuelsituéiert Spender dozou verflichten, méi wéi d’Hallschent vun hirem Räichtum fir karitativ Zwecker ofzeginn. “Forbes” no hätt de Buffet bis elo iwwer 41 Milliarden Dollar gespent.