
Ee vun de gréisste Camping-Guide fir Europa huet vun iwwer 23.000 Campingen an iwwer 44 Länner elo dee beschte konnten ausmaachen. De Ranking hunn d’Campere mat Hëllef vun hire Bewäertunge selwer opgestallt an erauskoumen d’Gewënner vum camping.info Award 2024. Dat ass och de Grond, firwat och “méi kleng, ganz engagéiert Campingen eng gutt Chance hunn, an den Top 100 vun de Campingen an Europa opgelëscht a souguer als Geheimtipp entdeckt ze ginn”, sou den Direkter vu camping.info Maximilian Möhrle.
Et ass e Camping an Däitschland, de Camping Kühlungsborn un der Ostséi, dee sech aus iwwer 135.000 Bewäertunge vun iwwer 73.000 Vacancieren ervirgehuewen huet an op déi 1. Plaz koum. An dat scho fir déi véierte Kéier hannerteneen.
Op déi zweet Plaz koum e besonnesch muppen- a kannerfrëndleche Camping, de Sonnenland Lutzmannsburg an Éisträich. Dëse Site war d’lescht Joer an den Top 10 a gëllt dëst Joer als dee Beléiftsten a sengem Land.
Op drëtter Plaz ass den Eco-Camping Natürlich Hell. Camping & Aparthotel an Tirol, dee sech am Verglach zum Joer virdrun ëm ganzer 107 Plaze verbessere konnt an eng alleréischte Kéier esou héich placéiert gouf.
Dëst Joer hunn et iwwregens 72 däitsch Campingen, 19 an Éisträich, 7 an Italien an 2 an der Schwäiz an de Ranking gepackt. Dëst Joer koumen och nach 21 Campingen nei dobäi.
Top 10 vun de Campingen an Europa
Beléiftste Campingen