Et sinn 9 Méint, an deenen ee sech op den Dag freet, wou endlech dee klenge Bëbee do ass. Fir déi Fraen, déi d’lescht Joer schwanger goufen oder et och haut nach sinn, ass duerch déi sanitär Kris alles e bëssen anescht.
Si gëllen awer net just als vulnerabel a mussen duerfir nach besser op sech oppassen. Well duerch Corona keng kollektiv Virbereedungscoursë sinn, kënne si sech och net selwecht op d’Gebuert virbereeden. An duerfir huet och d’Aarbecht vun den Hiewanen an de Leit am Spidol sech verännert.
Wat gouf gemaach, fir sech unzepassen? Gouf et am der Pandemie tatsächlech e Baby Boom? A wéi erliewen d’Fraen et, dass se musse bei der Gebuert e Mask unhunn? Mir hunn nogefrot, wéi d’Pandemie sech op d’Kannerkréien ausgewierkt huet.
