KITT kënnt ënnert den HummerDen David Hasselhoff versteet säin "Knight Rider"-Auto

RTL Lëtzebuerg
Wien déif genuch an d'Täsch gräift, kann an Zukunft de gléckleche Besëtzer vum Kultauto aus der Serie "Knight Rider" ginn.
© AFP

Am Kader vun enger Auktioun gëtt nämlech de KITT versteet. Dat huet hien op Twitter annoncéiert. D’Auktiounsplattform erwaart sech eng Zomm tëscht 175.000 an 300.000 Dollar. Wann dës 25% iwwert der gewënschter Offer läit, soll den Hasselhoff perséinlech bei der Iwwergab vum Gefier dobäi sinn.

Ma net just de KITT, mä och aner Géigestänn kommen ënnert den Hummer. Dorënner Film-Requisiten aus “Baywatch” oder eng Schwammbox aus dem “Spongebob"-Film.

Back to Top
CIM LOGO