
Ma elo huet sech den “DSDS"-Chefjuror kuerzfristeg krankgemellt. Dat bedeit, dass hien dëse Samschdeg net méi fir d’Halleffinall vun “Deutschland sucht den Superstar” an der Jury sëtzt. An och d’Finall eng Woch drop huet hie schonn ofgesot. Dat huet RTL e Mëttwoch matgedeelt. De Bohlen selwer wollt op “Bild"-Nofro hin näischt dozou soen.
D’Fans kënne sech deemno net richteg vum Entertainer, dee fir seng flott Spréch bekannt ass, verabschiden.
Wat fir eng Krankheet de 67 Joer alen Däitschen huet, huet de Sender net matgedeelt. Zanter RTL virun 2 Wochen iwwert säi Réckzuch vun “DSDS” an och “Das Supertalent” informéiert hat, ass de Bohlen op Tauchstatioun gaangen.
Och ouni Confirmatioun deit den Ament alles dorop hin, wéi wann den Dieter Bohlen an RTL sech net am Gudde getrennt hätten.