
Den Eiffeltuerm wäert gëlle liichten, sou de Chef vun der Bedreiwerfirma, de Patrick Branco. Dat hat sech och den Ingenieur Gustave Eiffel gewënscht, deen den Tuerm am Kader vun der Weltausstellung zu Paräis 1889 opriichte gelooss hat.
Zanter 1968 dat eisent Bauwierk elo scho brong. Den Eiffel wollt en ëmmer an engem giel-brongen Toun gesinn a genee dat ass elo schonn no den éischten Aarbechten un der Spëtzt ze gesinn.
Fir d’Aarbechter sinn d’Renovéierungsaarbechten um 324 Meter héijen Eiffeltuerm eng riseg Erausfuerderung. Déi al Faarf muss ewechgemaach ginn, wat wéinst de Bläi-Undeeler ënner strengen Hygiènesmesurë geschitt. 18.000 metalle Strief an 2,5 Millioune Nitte mussen nei ugestrach ginn.

“Am beschten ass d’Aussiicht”, schwäermt de Moler an Industriekloterer Charles-Henri Piret. Et géif een net all Dag un engem Seel an 300 Meter Héicht. Säi Kolleeg Antoine Olhagaray vergläicht d’Aarbechten mat engem “Parcours an e Bamkrounen”.
D’Aarbechte solle viraussiichtlech Enn 2022 fäerdeg sinn. Bei den Olympesche Summerspiller soll de gëllenen Eiffeltuerm dann eng prominent Roll spillen, ënner anerem als imposant Kuliss fir den Triathlon- a Schwammconcours a fir d’Feierlechkeeten un der Seine.