
Vun 1992 u war den däitsche Journalist Hans Meiser virun allem bekannt ginn duerch d’Moderatioun vun “Hans Meiser”, enger vun den éischten däitschen Talkshowen. U sech wollt de fréieren Talk-Moderator nach dëst Joer säi Comeback bei sengem nei gegrënnte Radiosender “Wellenrausch” feieren.
Den Hans Meiser hannerléisst eng Fra, dräi Kanner an dräi Enkelkanner.
Jorelaang war den däitsche Moderator ënner anerem fir seng deeglech Talkshow bekannt. Am Joer 1999 konnte mir als RTL Lëtzebuerg e Bléck hannert d’Kulisse vun dëser TV-Produktioun werfen. Hei de Reportage vun deemools: