All Guddes!Den Ierfgroussherzog Guillaume krut 42 Joer

RTL Lëtzebuerg
Den Ierfgroussherzog Guillaume gouf den 11. November 1981 gebuer an ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass dat eelste Kand vun der Grande-Duchesse Maria Teresa an dem Grand-Duc Henri. Hien ass zanter dem 19. Oktober 2012 mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet.

Den 10. Mee 2020 ass den Ierfgroussherzog eng éischte Kéier Papp ginn. Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den neien Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d’Welt.

Säi klenge Brudder Prënz François, dee mat ganzem Numm François Henri Luis Marie Guillaume heescht, koum de 27. Mäerz 2023 op d’Welt. Et ass deemno dem Ierfgroussherzog Guillaume säin éischte Gebuertsdag als Papp vun zwee Kanner.

Dem Ierfgroussherzog seng Biografie op Lëtzebuergesch.
Dem Ierfgroussherzog seng Biografie op Franséisch.
Dem Ierfgroussherzog seng Biografie op Däitsch.

Back to Top
CIM LOGO