"E schéinen, klenge Kinnek"Den Jason Derulo an d'Jena Frumes sinn Eltere ginn

RTL Lëtzebuerg
Nieft der frëschgebakener Mamm Naomi Campbell dierf sech och de Sänger Jason Derulo iwwer Nowuess freeën.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Lisa Lake

Houfreg huet d’Koppel an de soziale Medien matgedeelt, dass hire Bouf den 8. Mee op d’Welt komm ass. Op hirem Profil huet d’Model eng Partie Fotoe vu sech, hirem Partner an dem Puppelche gepost. E klenge Réckbléck op déi éischt puer Deeg als Eltere mat hirem “gesonden, schéinen, klenge Kinnek”.

Dem Jason Derulo huet si iwwerdeems d’Éier zoukomme gelooss, der Welt den Numm vun hirem klenge Kand matzedeelen. Et wier de glécklechsten Dag vu sengem Liewe gewiescht, säi klenge Jong, den Jason King Derulo Heem ze bréngen, schreift hien op Instagram.

Kennegeléiert hu sech den Jason Derulo an d’Jena Frumes 2020 an engem Fitnessstudio, kuerz virun der Coronapandemie.

Back to Top
CIM LOGO