Et si Géigestänn, déi hautzedaags a ville Kichen ze fanne sinn: Produite vun Tupperware. Vill vun dësen Artikele ginn iwwer sougenannten “Tupperpartyen” verkaf. Wéinst Corona geet dat am Moment awer net. Duerfir gëtt elo digital “getuppert”.
Interaktiv Soiréeë sinn net méiglech, dowéinst kënne Clientë gemittlech a flexibel vun Doheem aus bei esou enger Party matmaachen. Gefilmt gëtt d’Evenement vun enger gudder Frëndin vum Sylvie Védie-Reyland, déi och selwer Partymanagerin zu Lëtzebuerg ass. Als éischt grënnt d’Sylvie ee Grupp op Whatsapp. An dee ginn da Frënn a Bekannten invitéiert a kréien Offeren a Videoe geschéckt.
De virtuelle Verkaf schéngt ze boomen. Dem Sylvie no wieren d’Ventë geklommen. Vill Leit wiere méi Doheem a géifen och méi dacks kachen. Si an d’Joelle sinn zwee vun de ronn 100 Leit, déi zu Lëtzebuerg fir Tupperware schaffen.
D’Commandë vun de Clientë kommen op enger zentraler Plaz un. Do hëlt d’Sylvie se entgéint. An da gi se weider un d’Clientë verdeelt. Déi virtuell Tupperpartye wäerten och no de Kontaktrestriktioune bestoe bleiwen. An och, wann dee Modell gutt funktionéiert, freet sech d’Sylvie op deen Dag, wou d’Restriktioune manner streng wäerte sinn an een nees Doheem an der Stuff mat Schnittercher a Schampes “tupperen” däerf.
