Kleng an intim HochzäitDen US-Popstar Ariana Grande huet sech bestuet

RTL Lëtzebuerg
Wéi US-Medie mellen, huet déi 27 Joer al Sängerin hirem Verloobten, dem Immobilienagent Dalton Gomez, e Sonndeg d'Jo-Wuert ginn.
© AFP Archivbild

D’Hochzäit wier am klengen an intime Krees mat manner wéi 20 Gäscht gefeiert ginn.

Enn Dezember eréischt hat d’Ariana Grande hir Verlobung bekannt ginn. Op Instagram hat d’Sängerin Fotoe vu sech mam Gomez an hirem Rank verëffentlecht, mam Kommentar: “Fir ëmmer an nach méi”.

Eng éischte Kéier presentéiert, huet d’Ariana Grande hire Frënd iwwregens am Mee d’lescht Joer. Do war hien am Video zum Lidd “Stuck with U” ze gesinn, dee wärend dem Lockdown a Kalifornien zesumme mam Justin Bieber entstanen ass.

Back to Top
CIM LOGO