Reklamm vu FälscherD'Geschicht vum bulgaresche Pass vum Sylvester Stallone

RTL Lëtzebuerg
Nee, den Hollywood-Star huet net déi bulgaresch Nationalitéit. Mä Fälscher hunn dëse Pass gemaach, fir wuel d'Qualitéit vun hirer Aarbecht ze beweisen.

Och Krimineller musse fir sech Reklamm maachen. A Bulgarien huet eng kriminell Organisatioun, déi falsch Päss produzéiert a verkeeft, mat eben esou engem falsche Pass vum Hollywoodstar Sylvester Stallone fir hir Zwecker benotzt.

De Pass mam Numm an der Foto vum Action-Held gouf bei enger Hausduerchsuchung vun engem Member vun der krimineller Band fonnt. D’Ermëttler ginn dovunner aus, datt d’Band dee Pass notzt, fir bei hire Cliente Reklamm fir hir héichwäerteg Qualitéit ze maachen. Wéi de Parquet matdeelt, goufe véier Leit verhaft.

A Bulgarien leeft aktuell eng grouss Aktioun géint Fälscher, dat an Zesummenaarbecht mat Europol an engem US-Geheimdéngscht. Nieft de falsche Päss konnten och falsch Fürerschäiner an dausende vu gefälschten 50 Dollar- an 100 Euro-Schäiner saiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO