
Dat vun der Saison un, déi 2022 sollen op der Tëlee gewise ginn. Wien d’Successioun iwwerhëlt, ass nach net gewosst. RTL Däitschland huet awer annoncéiert, datt een dat virun der nächster Saison wäert annoncéieren.
Déi grouss DSDS-Finall den 3. Abrëll ass dann déi leschte Kéier, datt den Dieter Bohlen an der Jury wäert sëtzen. Ma nieft “Deutschland sucht den Superstar” wäert och d’Jury vun “Das Supertalent” nei besat ginn. Dëst awer schonn fir d’Saison 2021, déi am Hierscht soll ugoen.
RTL huet dem Dieter Bohlen och fir seng Aarbecht “Merci” gesot: “Wir bedanken uns ausdrücklich bei der aktuellen Jury und insbesondere bei Dieter Bohlen als langjährigem Chefjuror. Mit klaren Urteilen und feinem Gespür für musikalischen Mainstream im allerbesten Sinne ist er maßgeblich am langjährigen Erfolg beider Shows beteiligt. Nach fast zwei Jahrzehnten gemeinsamer Erfolge ist jetzt der richtige Zeitpunkt für Veränderung und Weiterentwicklung.”