No Out bei DSDSDieter Bohlen kënnegt Comeback un

RTL Lëtzebuerg
"Maacht Iech keng suergen, ech plange Grousses.", dat huet de Pop-Titan an engem Video op Instagram annoncéiert.
© AFP (Archiv)

Fir den Dieter Bohlen war et jo rezent den iwwerraschenden Out bei de däitscher Casting-Show “Deutschland sucht den Superstar”. E Samschdeg huet hie sech elo eng éischte Kéier offiziell gemellt. Do huet hien annoncéiert, datt seng Fans hie wuel net fir d’lescht gesinn hunn. Hie plangt nämlech e Comeback.

Genee Detailer huet hien net genannt, mä huet gesot, hie géing Grousses plangen. Et kann een also gespaant sinn, wat de 67 Joer ale Museker virhuet.

Back to Top
CIM LOGO