
“Ja meine Freunde, bald gibt’s wieder richtig was auf die Ohren”, huet de Video ugefaangen, an deem de Bohlen erzielt huet, am August nees opzetrieden.
Um Schlager-Festival “Lieblingslieder” zu Bonn wäert hien am Summer Modern-Talking-Lidder sangen. Nieft dem Dieter Bohlen wäerten och den Giovanni Zarrella, d’Marianne Rosenberg, den DJ Ötzi, de Jürgen Drews an d’Vanessa Mai fir Stëmmung suergen.
Nodeems den Ex-Juror an DSDS getrennte Weeër gaange sinn, war et eng Zäitche roueg ëm den Ex-Juror. Am August hat hien allerdéngs e grousse Comeback annoncéiert: “Die meistgestellte Frage in den letzten Monaten ist natürlich: Wann sehen wir Dich wieder im Fernsehen? Klar seht ihr mich wieder im Fernsehen”, waren d’Wierder vum Bohlen. Wéini et spéitstens esouwäit wäert sinn, huet de Museksproduzent a Songwriter elo verroden.