Nowuess ass doD'Lena Meyer-Landrut an de Mark Forster sinn Eltere ginn

RTL Lëtzebuerg
Et ass dat éischte Kand fir déi däitsch Musekerin an ESC-Gewënnerin Lena Meyer-Landrut.
© AFP

Wéi d’Bild schreift, wier déi 29 Joer al Kënschtlerin en Dënschdeg mat engem Maxi Cosi an dem Mark Forster un hirer Säit gesi ginn. Weider bericht déi däitsch Zeitung, dass et e Jong wier, deen d’Liicht vun der Welt erbléckst huet.

Iwwert d’Privatliewe vun de béide Sänger ass net vill gewosst. Medieberichter no hätt sech d’Koppel Enn 2020 d’Jo-Wuert ginn. D’Hochzäit wier an engem klenge Krees gefeiert ginn. Offiziell confirméiert gouf et vum Mark Forster a Lena-Meyer Landrut awer net.

Back to Top
CIM LOGO